top of page

Zil

Wëllt Dir d'Opmierksamkeet vun Äre Kanner op d'Erhaalung vun der Natur zéien, fir hinnen de Schutz vum Planéit méi no ze bréngen? Geschichten a spilleresch Aktivitéite kënnen Iech hëllefen dës Wäerter mat Spaass ze vermëttelen!

Ëmweltbuch.png

Als Bierger vu muer sinn d'Kanner och d'Zukunft vun der Mënschheet a vun eisem Planéit. Dofir ass et wichteg vu klengem un d'Wäerter vun der Solidaritéit a vum Respekt fir d'Ëmwelt ze léieren.

 

Mee wéi fannt Dir déi richteg Wierder an déi richteg Biller fir hinnen z'erklären wat nohalteg Entwécklung, Ökologie oder de Klimawandel sinn?

 

Mir wëllen Iech anhand vu Kannerbicher a flott Aktivitéitsiddien hëllefen, eis zukünfteg Generatiounen op eng lëschteg a begeeschtert Manéier drop hinzeweisen, datt d'Äerd si brauch.

Ëmweltbuch_2.png
bottom of page